Hans Mommsen

Hans Mommsen
Gebuer 5. November 1930
Marburg
Gestuerwen 5. November 2015
Tutzing
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Eberhard Karls Universitéit Tübingen,
Philipps-Universitéit Marburg,
Universitéit vun Heidelberg
Aktivitéit Neizäithistoriker, Universitéitsprofesser, Historiker
Partei Sozialdemokratische Partei Deutschlands
Member vun Éisträichesch Akademie vun de Wëssenschaften, Academia Europaea, British Academy

Den Hans Mommsen, gebuer de 5. November 1930 zu Marburg a gestuerwen de 5. November 2015 zu Tutzing, war en däitschen Historiker. Hie war op d'Zäitgeschicht spezialiséiert, absënns op d'Geschicht vun Däitschland tëscht 1918 an 1945, deemno d'Weimarer Republik an d'Zäit vum Nationalsozialismus. Hien huet d'Fuerschung vum Drëtte Räich drop orientéiert, d'Fro vun der Verantwortung vu jidderengem Eenzelen ze stellen, a sech net just op den Hitler an d'Leit ronderëm hien ze konzentréieren, déi un allem Schold gewiescht wieren.

De Mommsen hat vun 1968 bis zu senger Emeritéierung 1996 op der Ruhr-Universität Bochum e Léierstull fir Neier Geschicht. Dobäi hat hie Gaaschtprofessuren a Fuerschungsopenthalter zu Princeton, Harvard, Berkeley, Jerusalem a Washington D.C. Vun 1977 bis 1985 war hien Direkter vum Institut zur Geschichte der Arbeiterbewegung, dat hie matgegrënnt hat.

Säin Zwillingsbrudder Wolfgang J. Mommsen war och en Historiker.


© MMXXIII Rich X Search. We shall prevail. All rights reserved. Rich X Search